top of page
DSC_1585.jpg

Little Moments

BIG MEMORIES

Moien, ech sin d'Caroline

Ech sinn d'Caroline, Mamm vun dräi grousse Kanner, an d’Gesiicht hannert menger Kamera.
Meng Passioun fir d’Fotografie hunn ech am Lycée Technique des Arts et Métiers op der Konschtsektioun entdeckt an zanterhier stänneg weider entwéckelt.

2011 hunn ech mäin eegene Fotostudio doheem ageriicht. Säit deem fotograféieren ech mat vill Freed Kanner, Bébéen, Familljen a Schwangerschaften – am Studio oder och gär dobaussen an der Natur.

Ech wunnen am wëlle Westen, am Kanton Réiden, ganz no beim Stauséi – eng wonnerbar Geigend, déi och perfekt ass fir natierlech Outdoor-Shootings.

Mat vill Gefill, enger entspaanter Ambiance an engem Bléck fir déi richteg Momenter entstinn authentesch a stëmmungsvoll Biller, déi laang Freed maachen. 😊

Tali0464-2.jpg

... because every picture
tells a story ...

Caroline

ONGEZWONGEN KANNERFOTOEN, ENTSPAANTE SCHWANGERSCHAFTSFOTOEN, LËSCHTEG FAMILJEFOTOEN A ROUEG BABYFOTOEN

PORTFOLIO  &  PRÄISSER

DSC_0420.jpg

1

Schwangerschaft

D’Schwangerschaft ass e ganz besonnesche Moment am Liewen, deen et wäert ass festzehalen.

Ob am Studio oder dobaussen – sou wéi et Iech am beschte passt. Äre Partner, Är Kanner an och Ären Hond sinn natierlech häerzlech wëllkomm.

DSC_3638.jpg

4

Kommioun

Kommiouns-Fotoe kënnen entweder am Studio oder dobaussen an der Natur gemaach ginn. Am Mëttelpunkt steet ëmmer d’Kand – an enger entspaanter Ambiance, wou et sech wuel fillt a Spaass huet.

Gären dierf d’Famill an d’Geschwëster och op déi eng oder aner Foto mat drop. 

D5B_7648.jpg

2

Baby / Newborn

Newborn-Fotoe ginn am beschten an den éischten 14 Deeg no der Gebuert gemaach – an där Zäit schlofen d’Puppelcher nach vill an loossen sech ganz natierlech a roueg fotograféieren. Mee och duerno entstinn ëmmer nach wonnerbar Biller, well all Alter huet säin eegene Charme.

D5B_2700.jpg

5

Smash Cake

Beim Smash-Cake Shooting feiert d’Kand säin 1. Gebuertsdag op eng ganz besonnesch a lëschteg Aart a Weis. Et ass e wichtege Meilesteen am Liewen, deen een op eng spilleresch Aart festhale kann. 

De Kuch kann entweder selwer matbruecht ginn oder ganz einfach bei mir bestallt ginn.

DSC_9744.jpg

3

Famill

Dir mat äre Kanner, Patchwork-Familljen oder och Méi-Generatiounen-Fotoen – alles ass méiglech.

An enger entspaanter Ambiance entstinn natierlech a lëschteg Biller, déi Iech esou weisen, wéi Dir sidd.

Am Studio oder dobaussen an der Natur.

DSC_7117.jpg

6

People & Pets

Ech sinn een Déierefrënd!
Ob Hond, Kaz, Päerd oder Kou – alles wat net méi wéi véier Been huet ass bei mir häerzlech wëllkomm.

Zesumme mat hire Mënschen oder och eleng mécht et mir ëmmer Spaass, Déieren ze fotograféieren.

Entdeckt authentesch Momenter an natierlech Biller aus menge Foto-Séancen  – ganz egal ob am Studio oder dobaussen an der Natur.

PORTFOLIO

DSC_2164.jpg

Kaddosbong

Give a gift of memories!

Déi schéinste Saachen, déi een verschenke kann, sinn Zäit – an natierlech Erënnerungen.

Am éischte Moment, nodeems d’Fotoe gemaach sinn, kuckt een se an et freet ee sech, ob se engem gefalen. Am beschte Fall natierlech jo...
Mee richteg wäertvoll ginn dës Biller eréischt mat der Zäit.

No 10, 20 oder 30 Joer kuckt een se nach eng Kéier – an et gëtt ee nostalgësch. Et gesäit een, wéi d’Kanner deemools kleng waren, wéi d’Urbomi nach mat op der Foto war, mat hirem Urenkel um Schouss, deen haut schonn grouss ass. Et gesäit een och, datt een deemools nach e bëssen méi Hoer um Kapp hat 😉 an dass dat klengt Ketty e bëssen motzeg op der Foto kuckt.

1000 kleng Erënnerungen, déi engem e Schmunzelen an d’Gesiicht zauberen – an déi weisen, wéi wäertvoll et war, dës Momenter festzehalen.

Also zéckt net a schenkt Iech selwer oder engem aneren e Stéck Erënnerung. Dir wäert et net bereien 🤍

 

Dir kënnt e Kaddosbong am Wäert vun engem komplette Shooting huelen – dat ass natierlech déi einfachst Variant.

Falls dat Iech awer ze vill oder net genuch ass, kënnt Dir och gären e fräie Montant wielen. Wann d’Persounen hire Rendez-vous maachen, kënne si de Rescht dann einfach dobäi bezuelen.

Alternativ kann ech och e méi klenge Shooting ubidden – dat ass natierlech och méiglech.

ERËNNERUNGEN VEREIWEGEN

PRODUCTS

DSC_2134.jpg
DSC_2161.jpg
DSC_2154.jpg

Bicher

Wandbiller

Remerciement'en

Wann Dir e Buch, e Wandbild oder e Remerciement bestelle wëllt, frot Iech gären d’Informatiounen bei mir. Ech weisen Iech, wat ech alles am Angebot hunn, a kann Iech och d’Präisser matdeelen. Dës variéieren jee no Gréisst, Quantitéit an Ausféierung.

Mellt Iech einfach bei mir, an ech ginn Iech all néideg Informatiounen.

 15+

JOER LAANG ERFARUNG

am Beräich Familjefotografie

3k+

SHOOTINGS
INDOOR / OUTDOOR

an et kommen der 
secher nach vill dobäi

99%

SPAASS U MENGEM BERUFF

1% kann emmer mol firkommen 😉

The Blog

FOLLOW ME ON INSTAGRAM!

  • Facebook
  • 3

Hues du nach froen?

Zeck nit a schreiw mer eng Nooricht oder ruff mer un!

bottom of page