top of page
_DSC0472 (2).jpg

puer kleng Informatiounen

CHECKLIST FIR DÄI SHOOTING

Fir datt d’Fotoen esou zäitlos a harmonesch wéi méiglech ginn, recommandéieren ech uniist Gezei unzedoen – ouni Muster, grouss Logoen oder Cartoons. Sou passen all d'Persounen optesch gutt zesummen, an d’Biller bleiwen och an e puer Joer nach schéin an aktuell. Soss freet ee sech herno séier: “Wat hat ech do eigentlech un?!?” 

Wann mir d’Fotoen dobausse maachen, kläre mir 1–2 Deeg virum Rendez-vous nach eemol alles of, kucken d’Wieder a wielen zesumme déi schéinste Plaz. Wann et bei mir an der Géigend ass, berechnen ech keng Fahrtkäschten. Fir méi wäit Strecken berechnen ech 0,70 € pro Kilometer. Bei schlechtem Wieder kucke mir flexibel, ob mir de Rendez-vous verleeën oder einfach an de Studio gin.

Fir d’Madamen, déi sech gären schminken loossen: ech schaffen zesumme mat deem wonnerbaren Beauty by Céline. Hatt kënnt entweder bei mech an de Studio oder – jee no Ofsprooch – bei Iech heem, fir Iech virum Shooting ze stylen an/oder ze schminken. De Präiss heifir schecken ech Iech op Ufroo.

Nodeems d’Fotoe gemaach sinn, kritt Dir e Link vu mir geschéckt, wou Dir all d’Biller gesi kënnt. Ech maachen eng kleng Vir-Selektioun, an aus dëse Fotoe kënnt Dir Iech Är Favoritten eraussichen. Déi ginn duerno vu mir professionell bearbecht, an Dir kritt en Download-Link geschéckt, wou Dir Är Fotoe bequem erofluede kënnt.

An zum Schluss: ech sinn ëmmer frou, wann Dir pünktlech op Äre Rendez-vous kommt. Besser 5 Minutten ze fréi wéi ze spéit Ech huelen mir ëmmer Zäit fir d’Fotoen – ouni op d’Auer ze kucken – mee dann as et besser wann ee pünktlich ufänkt.

D5B_5593.jpg

collect beautiful moments

SCHWANGERSCHAFT - FAMILL - PUPPELERCHER - KANNER - SMASH CAKE - DÉIEREN - A VILLES MÉI

Wat solle mer nemmen

UNDIN?

D5B_4078.jpg
Natur

Naturfaarwen

Naturfaarwen gesinn ëmmer schéin, roueg an zäitlos aus. Et muss net jiddereen déi selwecht Faarf undoen – hei kann ee ganz gutt mixen: Beige, Brong, Kaki, Olivegréng… Et ass flott wann sech eenzel Faarwen e bëssen widderhuelen, mee et muss net alles identesch sinn.
DSC_8071.jpg
Jeans

Jeans Kombi

Jeans geet einfach ëmmer! Kombinéiert Jeans mat 1–2 anere Faarwen – zum Beispill blo, wäiss oder eng aner Faarf no Ärem Goût. D’Faarftéin dierfen variéieren, et erkennt een awer ëmmer e Konzept hannendrun, an dat gesäit ganz harmonesch aus.
D5B_6354.jpg
Pastell

Pastellfaarwen

Wann Dir et méi hell a dezent gär hutt, sinn Pastellfaarwen eng super Optioun. Si loossen sech och perfekt mat Jeans kombinéieren. Et kënnen all méiglech Pastelltéin gemëscht ginn, an Dammen dierfen natierlech och ëmmer gären e flotte Rack undoen.
Am allerwichtegsten ass, datt d’Kleeder net ze vill gemustert sinn. Keng grouss Blummen, Karoen, Sträifen oder Punkten, an och keng grouss Logoen. Wann d’Faarwen e bëssen openeen ofgestëmmt sinn, gesäit dat direkt vill méi roueg, harmonesch an zäitlos aus.
bottom of page