
Baby / Newborn
470 Euro fir
15 Fotoen digital
OFFER: Falls Dir och de Schwangerschafts-Shooting bei mir gemaach hutt, kritt Dir beim Newborn-Shooting 5 Fotoen (am Wäert vun 50 Euro) gratis dobäi.
Zousätzlech Fotoe kënnen fir 10 Euro pro Bild dobäi kaaft ginn.Fir e Supplement vun 320 Euro kënnt Dir och all d’Fotoe kréien. Dës ginn awer net esou detailléiert bearbecht wéi déi ausgewielte Biller.
Déi éischt Deeg mat engem neigebuere Puppelchen sinn eng ganz besonnesch a wäertvoll Zäit. Eng Phase, déi vill ze séier eriwwer geet an déi et wäert ass, fir ëmmer festzehalen.
Newborn-Fotoen maachen ech am léifsten an den éischten 14 Deeg no der Gebuert, wann d’Bébéen nach vill schlofen an sech roueg an natierlech positionéiere loossen. De Newborn-Präis gëllt bis Äert Kand 3 Méint al ass. Duerno gëllt de normale Familljeshooting-Präis.
Ech hunn eng grouss Auswiel u klengen Pyjamaen an Utensilien, alles a ganz einfachen, natierleche Materialien a Faarwen. Sou entstinn zäitlos a roueg Biller, wou Äere Bébé am Mëttelpunkt steet.
Fir déi, déi sech gären stylen loossen: d’Céline kann och hei virum Shooting dobäi gebucht ginn. Wärend si d’Mamm stylt, maachen ech schonn déi éischt Fotoe vum Bébé.
Natierlech sinn och d’Elteren, Geschwëster an och Déieren häerzlech wëllkomm a ginn an d’Fotoen mat agebonnen. Eng kleng Checklëscht mat Saachen, déi Dir matbrénge kënnt, schécken ech Iech, soubal de Rendez-vous feststeet.
Wéi ëmmer gëllt: Dir braucht Iech keng Gedanken iwwer Posen ze maachen – ech guidéieren Iech roueg duerch de Shooting. Wann Dir ee spezielle Wonsch hutt, kënne mir deen natierlech gären ëmsetzen.





















