
Famill
395 Euro fir
15 Fotoen digital
Zousätzlech Fotoe kënnen fir 10 Euro pro Bild dobäi kaaft ginn.Fir e Supplement vun 320 Euro kënnt Dir och all d’Fotoe kréien. Dës ginn awer net esou detailléiert bearbecht wéi déi ausgewielte Biller.
Famill ass eppes ganz Wäertvolles. Ëmsou méi schéin ass et, dës Zäit a Form vu Biller festzehalen, déi nach laang Freed maachen.
Egal ob kleng Famill, Patchwork oder och Méi-Generatiounen-Fotoe mat Bomi, Urbomi an Enkelkanner – alles ass méiglech. Esou Fotoe maachen ech besonnesch gär am Summer dobaussen, an enger natierlecher an entspaanter Ambiance.
D’Fotoe kënnen awer och am Studio oder och als Kombinatioun vun deenen zwee gemaach ginn (Studio + Dobaussen). Bei enger Kombi-Séance kritt Dir 5 Fotoen extra, an de Shooting kascht 100 Euro méi.
Fir déi, déi sech gären stylen loossen: d’Céline kann natierlech och hei mat dobäi gebucht ginn an këmmert sech ëm Hoer a Make-up virum Shooting.
Wann vill Leit op de Fotoe sinn, ass et flott, wann d’Gezei faarflech e bëssen openee ofgestëmmt ass – zum Beispill an Natur- oder Pastellfaarwen. Et muss net alles identesch sinn, mee ouni Muster a grouss Opdréck bleift et vill méi harmonesch an zäitlos.
An natierlech: Är Muppen sinn ëmmer häerzlech wëllkomm a kënnen och mat op d’Fotoen






















