top of page
DSC_9729.jpg

Kommioun

395 Euro fir

15 Fotoen digital

Zousätzlech Fotoe kënnen fir 10 Euro pro Bild dobäi kaaft ginn.Fir e Supplement vun 320 Euro kënnt Dir och all d’Fotoe kréien. Dës ginn awer net esou detailléiert bearbecht wéi déi ausgewielte Biller.

D’Kommioun ass e ganz besonnesche Moment am Liewen vun engem Kand – eng wichteg Etapp, déi et wäert ass, a schéine Biller festzehalen.

D’Fotoe kënnen am Studio oder dobaussen an der Natur gemaach ginn, an enger entspaanter Ambiance, wou d’Kand sech wuel fillt a Spaass huet. Och den Hond däerf natierlech gären mat dobäi sinn 🙂

Gären kann d’Kand seng Tunique matbréngen. Wann nach keng do ass, kënnt Dir mir dat gären soen – ech kann eventuell eng organiséieren. Fir méi reliéis Fotoe kënnt Dir och e Rousekranz oder eng Käerz matbréngen, wann Dir esou eppes hutt.

Et ass och ganz flott, dës Fotoen am Hierscht ze maachen, zum Beispill am September, ier d’Beem giel ginn. D’Temperaturen sinn dacks nach angenehm waarm an d’Natur nach schéin gréng. Am Fréijoer, wann d’Fotoe virun der Kommioun fäerdeg solle sinn, muss een se schonn am Februar oder Mäerz maachen – do ass et dobaussen dacks nach kaal an nach net vill gréng.

E Problem ass heiansdo, datt d’Kleeder am September nach net do sinn. Mee et kann een sech eppes léinen oder e provisoresche Rack oder Kostüm kafen, deen nit zevill daier ass. Et ass op alle Fall eng Iwwerleeung wäert.

DSC_6630.jpg
DSC_6706.jpg
DSC_6268.jpg
DSC_3704.jpg
DSC_3638.jpg
DSC_3190.jpg
DSC_3439.jpg
DSC_5045.jpg
DSC_4627.jpg
DSC_7609.jpg
DSC_7646.jpg
DSC_7516.jpg
DSC_8131.jpg
DSC_8862.jpg
DSC_8790.jpg
DSC_9009-2.jpg
DSC_8978.jpg
D5B_0556.jpg
D5B_0685.jpg
D5B_1844.jpg
D5B_1793.jpg
D5B_1897.jpg
bottom of page