
People & Pets
395 Euro fir
15 Fotoen digital
Zousätzlech Fotoe kënnen fir 10 Euro pro Bild dobäi kaaft ginn.Fir e Supplement vun 320 Euro kënnt Dir och all d’Fotoe kréien. Dës ginn awer net esou detailléiert bearbecht wéi déi ausgewielte Biller.
Ech sinn een Déierefrënd – egal ob Päerd, Hond, Kéi, Geessen oder Kaz… alles wat net méi wéi véier Been huet ass bei mir häerzlech wëllkomm.
Ech maachen och ganz gär Koppelshootings – egal ob mat oder ouni Déier. Am Fong sinn ech do ganz flexibel, et muss net ëmmer Famill oder Kanner sinn. Heiansdo däerf et och einfach mol eppes anescht sinn.
Ënner anerem fotograféieren ech och all Joer d’Maverick Line Dance fir hir Broschür an als schéi Erënnerung fir si – oder och heiansdo eng Theatersequipe fir hiert Plakat.
Naturfotoe maachen ech och richteg gär, och wann et leider net ëmmer fir alles Zäit gëtt.

























