top of page
D5B_2236.jpg

Schwangerschaft

395 Euro fir
15 Fotoen digital

OFFER:
Falls Dir och de Schwangerschafts-Shooting bei mir gemaach hutt, kritt Dir beim Newborn-Shooting 4 Fotoen (am Wäert vun 40 Euro) gratis dobäi.

Zousätzlech Fotoe kënnen fir 10 Euro pro Bild dobäi kaaft ginn.

Fir e Supplement vun 320 Euro kënnt Dir och all d’Fotoe kréien. Dës ginn awer net esou detailléiert bearbecht wéi déi ausgewielte Biller.

D’Schwangerschaft ass eng ganz besonnesch an eenzegaarteg Zäit am Liewen – e Moment, deen et wäert ass fir ëmmer festzehalen. No e puer Joer kann een sech dacks net méi richteg virstellen, wéi een deemools ausgesinn huet. Ëmsou méi schéin ass et, dës Erënnerung ze hunn – fir sech selwer, mee och fir Äert Kand, dat sech spéider sécher freeë wäert ze gesinn, wéi seng Mamm ausgesinn huet, wéi et nach am Bauch war.

Ech maachen dës Fotoen am léifsten an deene leschte 6–8 Wochen virun der Gebuert. Ob gemittlech am Studio, dobaussen an der Natur oder eng Kombinatioun vun deenen zwee – alles ass méiglech, jee nodeem wat Iech am beschte passt.

Fir déi, déi sech gären stylen loossen: d’Céline kann natierlech mat dobäi gebucht ginn. An deem Fall kommt Dir eng Stonn virum Shooting, an hatt mécht als éischt Hoer a Make-up, ier mir starten.

De Papp, Kanner an och Déieren sinn natierlech häerzlech wëllkomm a ginn an d’Fotoen mat agebonnen. Eng kleng Checklëscht mat Saachen, déi Dir matbrénge kënnt, schécken ech Iech, soubal de Rendez-vous feststeet.

Ech hunn och eng Auswiel u Kleeder (Räck a Bodys), déi ech verleinen. Mee et ass genee esou schéin an natierlech, wann Dir Är eege Saachen undoet – e flotte Rack, eng Jeans mat enger Blouse oder engem Top gesäit ëmmer gutt aus.

Iwwer d’Posen braucht Dir Iech keng Gedanken ze maachen – ech hunn vill Iddien a guidéieren Iech duerch de Shooting. Wann Dir awer ee spezielle Wonsch hutt, kënne mir deen natierlech gären mat abréngen.

Schwangerschaftsserie

Eng Schwangerschaft ass eppes ganz Besonnesches, an dofir soll een dëst Evenement och onbedéngt festhalen. Fir dëst ze maachen, kann een ab dem 4. Mount bei mech kommen, an ab do gëtt all Mount eng Foto gemaach – aus der selwechter Positioun, mat der selwechter Beliichtung an dem selwechten Hannergrond.

Am 8. Mount profitéiere mir dann fir eng méi laang Séance, fir dee schéin ronne Bauch optimal an Szene ze setzen.

Nodeems dee klenge Butz oder déi kleng Prinzessin op d’Welt komm ass, waarde mir e bëssen, an duerno kommt Dir mat Ärem Neigebuerene fir seng éischt Fotosséance bei mech. Bei dëser Geleeënheet maache mir och déi lescht Foto aus der Schwangerschaftsserie.

Duerno ginn all déi „monatlech“ Fotoen hannerteneen gesat, an Dir kritt e schéine Poster (just als Datei, net als Drock), wou ee gesäit, wéi de Bauch all Mount gewuess ass – bis hin zum Moment, wou d’Kand schlussendlech am Aarm gehale gëtt.
Präiss: 1300 Euro fir dei 2 Séancen mat jeweils 15 Fotoen an dem digitalen Poster

Caro Collage-2.jpg
DSC_6221.jpg
DSC_6229.jpg
DSC_6561.jpg
DSC_4445.jpg
DSC_4492.jpg
DSC_4469.jpg
DSC_4524.jpg
DSC_2650.jpg
DSC_2025.jpg
DSC_2633.jpg
DSC_9958.jpg
DSC_9998.jpg
DSC_0420.jpg
DSC_0333 Kopie.jpg
DSC_9986.jpg
D5B_6736.jpg
D5B_6765.jpg
D5B_6719.jpg
D5B_9180-2.jpg
D5B_9457.jpg
D5B_4657.jpg
D5B_4641.jpg
D5B_4725.jpg
D5B_1948-2.jpg
D5B_5806.jpg
bottom of page