
Smash Cake
470 Euro fir
20 Fotoen digital
Beim Smash-Cake Shooting maache mir am Ufank och e puer Familljen- a Geschwësterfotoen, souwéi e puer „normal“ Biller vum Kand, ier et duerno un de Kuch geet. D’Kanner dierfen entdecken, matschen a Spaass hunn – an zum Schluss geet et dann nach an eng kleng Biitchen mat Waasser, wat ëmmer vill Spaass mecht 🙂
De Kuch kënnt Dir gären selwer matbréngen oder ech organiséieren een fir Iech (normalerweis emt dei 70 Euro).
Wéi d’Deko an de Kuch ausgesinn, kläre mir zesummen am Viraus. Ech ginn Iech e puer Iddien, an Dir sot mir Är Wënsch – esou fanne mir zesummen déi richtig Richtung fir Äre Shooting.
Zousätzlech Fotoe kënnen fir 10 Euro pro Bild dobäi kaaft ginn.Fir e Supplement vun 320 Euro kënnt Dir och all d’Fotoe kréien. Dës ginn awer net esou detailléiert bearbecht wéi déi ausgewielte Biller.




















